Ass Gott iwwerall?
D’Äntwert aus der Bibel
Gott gesäit alles an hie kann do agräifen, wou ëmmer hie wëll (Sprüche 15:3; Hebräer 4:13). Allerdéngs seet d’Bibel net, datt Gott omnipresent ass, d.h. iwwerall an an allem existéiert. Mee der Bibel no ass Gott eng Persoun, déi op enger bestëmmter Plaz wunnt.
Wéi ass Gott? Gott ass eng Geeschtpersoun (Johannes 4:24). Kee Mënsch kann hie gesinn (Johannes 1:18). An de bibelesche Visioune wou Gott virkënnt, huet hien eng fest Plaz. Ni gëtt hien esou duergestallt, wéi wann hien iwwerall wier (Jesaja 6:1, 2; Offenbarung 4:2, 3, 8).
Wou lieft Gott? Gott wunnt am Himmel, d.h. an engem onsichtbare Beräich, dee sech vun eisem komplett ënnerscheed (1. Könige 8:30). D’Bibel beschreift zum Beispill, datt „sich die Söhne des wahren Gottes einfanden, um sich vor Jehova a zu stellen“. Dat weist, Gott huet eng fest Plaz wou hie lieft (Hiob 1:6).
Wa Gott net iwwerall ass, kann hien dann awer fir mech do sinn?
Jo! Gott interesséiert sech wierklech fir all eenzelne vun eis. Och wa Gott an engem onsichtbare Beräich lieft, fält et him op, wann ee gäre säi Frënd wëll sinn an hie këmmert sech ëm een (1. Könige 8:39; 2. Chronika 16:9). Wéi hëlleft Jehova engem?
Wann ee biet: Jehova lauschtert d’Gebiet, esoubal een et seet (2. Chronika 18:31).
Wann et engem net gutt geet: „Jehova ist denen nahe, die ein gebrochenes Herz haben. Er befreit die, die am Boden zerstört sind“ (Psalm 34:18).
Wann een net weider weess: Jehova kann dir „Einsicht schenken und dir mit Rat zur Seite stehen“, an dat duerch säi Wuert, d’Bibel (Psalm 32:8).
Falsch Usiichten iwwer d’Omnipresenz
Usiicht: Gott existéiert an allem.
Fakt: Gott lieft weeder op der Äerd, nach am sichtbaren Universum (1. Könige 8:27). D’Stären an alles wat Gott gemaach huet, sinn e Beweis fir seng Herrlechkeet (Psalm 19:1). An awer lieft Gott net a senger Schöpfung, genee esou, wéi ee Moler och net a sengem Bild lieft. Mee dat Bild seet eppes iwwer de Moler aus. An esou kann een och Gott seng onsichtbar Eegenschaften an der Schöpfung gesinn, wéi zum Beispill seng Muecht, Wäisheet a Léift (Römer 1:20).
Usiicht: Gott muss omnipresent sinn, fir allwëssend an allmächteg ze sinn.
Fakt: Den hellege Geescht ass Gott seng Muecht an Aktioun, seng wierksam Kraaft. An duerch dës Kraaft gesäit hien alles a kann alles maachen, egal wéini an egal wou, an dat ouni selwer mussen do ze sinn (Psalm 139:7).
Usiicht: Dem Psalm 139:8 no ass Gott iwwerall, well do steet: „Würde ich zum Himmel hinaufsteigen, wärst du dort und würde ich mich ins Grab betten, dort wärst du.“
Fakt: Dëse Vers schwätzt net vun enger bestëmmter Plaz, wou Gott lieft. Poetesch weist e just, datt egal wou Gott och ëmmer ass, hien ni ze wäit fort ass, fir eis ze hëllefen.
a Jehova ass der Bibel no den Numm vu Gott.