Ass et richteg, zu Helleger ze bieden?
D’Äntwert aus der Bibel
Nee. Der Bibel no solle mir nëmmen zu Gott bieden, an dat am Numm vu Jesus. Jesus sot zu senge Jünger: „So sollt ihr beten: Unser Vater im Himmel, geheiligt werde dein Name“ (Matthäus 6:9). a Hien huet senge Jünger ni gesot, datt si zu Helleger, Engelen oder iergendengem aneren ewéi Gott solle bieden.
Jesus sot sengen Nofollger och: „Ich bin der Weg und die Wahrheit und das Leben; niemand kommt zum Vater außer durch mich“ (Johannes 14:6). Deen eenzegen, deem Gott d’Erlabnes ginn huet fir eis anzetrieden, ass Jesus (Hebräer 7:25).
Kann ech dann net zu Gott an zu Helleger bieden?
Wéi Gott déi zéng Geboter ginn huet, sot hien: „Denn ich bin der HERR, dein Gott, ein eifersüchtiger Gott“ (2. Mose 20:5). Wat wollt Gott domat soen? An engem Kommentar zum Alen Testament (Walvoord/Zuck) gëtt dozou erkläert: „Hien ass äifereg dorop beduecht, datt hien eleng veréiert gëtt.“ Gott wëll also, datt mir nëmmen hien ubieden an eis Gebieder just un hie geriicht sinn (Jesaja 48:11).
Fir Gott ass et inakzeptabel, wa mir zu anere bieden, esouguer wann et Helleger oder Engele sinn. Wéi den Apostel Johannes eng Kéier en Engel wollt ubieden, huet dësen hien dovun ofgehal a gesot: „Tu das nicht! Ich bin ein Mitknecht wie du und deine Brüder, die das Zeugnis Jesu festhalten. Gott bete an!“ (Offenbarung 19:10).
a D’Bibelzitater an dësem Artikel sinn aus der Einheitsübersetzung.