LIDD 153
Gëff mir Mutt!
1. D’Angscht mech oft am Grëff huet,
kann net méi klo’r gesinn.
Awer du fir mech dann do bass,
un denger Säit ech ginn.
D’Liewen ass net einfach,
mee ech ganz sécher weess:
Ganz egal wat op mech duerkënnt,
loyal s du zu mir stees!
(REFRAIN)
Jehova, maach mäi Glawe staark
an hëllef mir gesinn:
Et si méi mat eis wéi mat hinnen.
Meng Ängschte fort da ginn.
Fro’n dech: Gëff mir Mutt lo!
Eleng sinn ech ze schwaach.
Jehova, gëff mir Mutt lo!
Gläich kënnt däi groussen Dag!
2. Angscht ze hunn ass mënschlech,
sinn ouni dech sou schwaach.
Bei all Stuerm a Reen bass du wéi
e séch’ren Ënnerdaach.
Mutt fir staark ze bleiwen
brauch ech elo vun dir.
Mir den Doud mol net méi Angscht mécht,
gehéi’ren ëmmer dir.
(REFRAIN)
Jehova, maach mäi Glawe staark
an hëllef mir gesinn:
Et si méi mat eis wéi mat hinnen.
Meng Ängschte fort da ginn.
Fro’n dech: Gëff mir Mutt lo!
Eleng sinn ech ze schwaach.
Jehova, gëff mir Mutt lo!
Gläich kënnt däi groussen Dag!
(REFRAIN)
Jehova, maach mäi Glawe staark
an hëllef mir gesinn:
Et si méi mat eis wéi mat hinnen.
Meng Ängschte fort da ginn.
Fro’n dech: Gëff mir Mutt lo!
Eleng sinn ech ze schwaach.
Jehova, gëff mir Mutt lo!
Gläich kënnt däi groussen Dag!
Jehova, gëff mir lo Mutt!
Däi groussen Dag ass no!