LIDD 141
D’Wonner vum Liewen
1. D’Loft sou frësch a reng, d’Sonn déi grad opgeet,
Puppelchen sou butzeg kleng – wat fir eng Freed!
D’Iessen, dat mir hunn, alles e Geschenk
vu Jehova Gott, dee voller Léift un eis denkt.
(REFRAIN)
Mir hunn dech sou vill gär an dir dankbar sinn!
Ginn eist Bescht a wëssen, datt mir an denger Schold stinn.
Sou onbeschreiflech schéin ass d’Wonner vum Liewen,
bleift ëmmer e Geschenk vun dir Jehova Gott.
2. D’Fra vum Hiob sot: „Gëff dach einfach op!“
Mee mir wëllen anescht sinn, kucken erop;
soen: „Merci Gott fir dat wat s du gëss –
d’Liewen haut a wat s du eis fir d’Zukunft verspréchs.“
(REFRAIN)
Mir hunn dech sou vill gär an dir dankbar sinn!
Weisen dat, wa mir mat anere ganz léif ëmginn.
Sou onbeschreiflech schéin ass d’Wonner vum Liewen,
bleift ëmmer e Geschenk vun dir Jehova Gott.
(Dozou och Hiob 2:9; Ps. 34:12; Pred. 8:15; Mat. 22:37-40; Röm. 6:23.)