Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LIDD 124

Ëmmer trei sinn

Ëmmer trei sinn

(Psalm 18:25)

  1. 1. Ëmmer trei sinn dir, Jehova,

    a loyal däi Wee mir ginn.

    Als däi Vollek wëlle weisen,

    datt ob denger Säit mir stinn.

    Däi Wuert éiweg bleift bestoen;

    dengem Rot gär kommen no.

    Léiwe Papp, mir dir vertrauen,

    bass loyal a fir eis do.

  2. 2. Ëmmer trei sinn eise Bridder,

    weise Léift, sinn hinnen no.

    Openaner kënnen zielen,

    an der Nout sinn ëmmer do.

    Si vun Häerze wëllen éiren,

    hu Respekt fir jonk an al.

    All an Eenheet mir Gott déngen.

    Eis Léift bleift ëmmer loyal.

  3. 3. Ëmmer trei ginn hannert deenen,

    déi de Wee eis weisen haut.

    Voll a ganz op si vertrauen,

    well Jehova op si baut.

    Sou geseent gi vu Jehova,

    Kraaft a Fridden hien eis schenkt.

    Wa mir trei sinn, jo loyal sinn,

    da léisst Gott eis net eleng.