Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 4

Wien ass Jesus Christus?

Wien ass Jesus Christus?

1. Wéi huet Jesus säi Liewen ugefaangen?

Firwat fillt een sech zu Jesus higezunn? (MATTHÄUS 11:29; MARKUS 10:13-16)

Jesus huet viru senger Gebuert op der Äerd als Geeschtpersoun am Himmel gelieft. Hien ënnerscheet sech doduerch vun all anere Mënschen (Johannes 8:23). Jehova huet fir d’éischt Jesus erschaf. Hien ass deen Eenzegen, dee vu Gott ganz eleng gemaach ginn ass, an dono hunn si zesummen all déi aner Saache gemaach. (Johannes 1:14). Gott huet duerch Jesus geschwat an dofir gëtt Jesus och „dʼWuert“ genannt. – Liest Sprüche 8:22, 23, 30; Kolosser 1:15, 16.

2. Firwat ass Jesus op dʼÄerd komm?

Gott huet säi Jong vum Himmel op dʼÄerd geschéckt. Hien huet Jesus säi Liewen an de Schouss vun der Jongfra Maria iwwerdroen. Jesus hat also kee mënschleche Papp (Lukas 1:30-35). Jesus ass aus dräi Grënn op dʼÄerd komm: 1. fir dʼWouerecht iwwer Gott bekanntzemaachen, 2. fir ze weisen, wat et heescht, Gott säi Wëllen ze maachen, souguer dann, wann dʼLiewe schwéier gëtt, an 3. fir säi perfekt Liewen als Léisegeld ze ginn. – Liest Matthäus 20:28.

3. Firwat brauche mir e Léisegeld?

E Léisegeld gëtt bezuelt, fir ee virum Doud ze retten (2. Mose 21:29, 30). Gott wollt net, datt dʼMënschen al ginn a stierwen. Firwat wësse mir dat? Gott hat dem Adam matgedeelt, datt hie stierwe misst, wann hie sënnegen (net follegen) géif. Hätt hie gefollegt, wier hien net gestuerwen (1. Mose 2:16, 17; 5:5). DʼBibel weist, datt duerch den Adam den Doud an d’Welt komm ass. Den Adam huet dʼSënn un all seng Kanner weiderginn an dowéinst musse mir stierwen. Fir net méi stierwen ze mussen, brauche mir dëst Léisegeld. – Liest Römer 5:12; 6:23.

Kann iwwerhaapt een dëst Léisegeld bezuelen an den Doud ewechhuelen? Den Doud ass dʼStrof fir eis eege Sënnen. Well mir net perfekt sinn, kënne mir och net fir dʼSënne vun engem anere bezuelen. – Liest Psalm 49:7-9.

4. Firwat ass Jesus gestuerwen?

Jesus war perfekt – mir sinn et net. Hien huet net misse wéinst sengen eegene Sënne stierwen, well hie keng hat. Hien ass fir dʼSënne vun deenen anere gestuerwen. Doduerch, datt Gott Jesus stierwe gelooss huet, huet hie gewisen, wéi frou hie mat de Mënschen ass. An och Jesus huet bewisen, datt hien eis gär huet. Hien huet sengem Papp gefollegt a mat sengem Liewe fir eis Sënne bezuelt. – Liest Johannes 3:16; Römer 5:18, 19.

Kuckt de Video Firwat ass Jesus gestuerwen?

5. Wat mécht Jesus haut?

Op der Äerd huet Jesus déi Krank geheelt, déi Doudeg zum Liewe bruecht an de Mënschen hire Misär erliichtert. Esou huet hie gewisen, wat hien an der Zukunft fir all déi, déi Gott follegen, mécht (Matthäus 15:30, 31; Johannes 5:28). No sengem Doud huet Jesus vu Gott eng Operstéiung als Geeschtpersoun kritt (1. Petrus 3:18). Am Himmel huet hie sech riets vu Gott gesat an drop gewaart, datt Jehova him dʼMuecht iwwer dʼÄerd gëtt (Hebräer 10:12, 13). Haut regéiert Jesus als Kinnek am Himmel, an echt Chrëschte verbreeden dës gutt Noriicht an der ganzer Welt. – Liest Daniel 7:13, 14; Matthäus 24:14.

Jesus gebraucht geschwënn seng Muecht als Kinnek, fir de Misär an déi, déi dofir responsabel sinn, vun der Äerd ewechzehuelen. Jiddereen, deen u Jesus gleeft an him follegt, däerf eng Kéier an engem Paradis op der Äerd liewen. – Liest Psalm 37:9-11.