LEKTIOUN 9
Wéi kann eng Famill glécklech sinn?
1. Firwat ass „bestuet sinn“ wichteg fir d’Gléck an der Famill?
Déi gutt Noriicht kënnt vu Jehova. Hien ass e gléckleche Gott a wëllt, datt och d’Famillje glécklech sinn (1. Timotheus 1:11). Hien huet d’Bestietnes gegrënnt. Fir d’Gléck an der Famill ass et wichteg, bestuet ze sinn, well d’Kanner an engem Ëmfeld opwuessen, wou si sech gebuergen a sécher fillen. Chrëschte loossen hiert Bestietnes gesetzlech androen. – Liest Lukas 2:1, 4, 5.
Wéi gesäit Gott d’Bestietnes? Fir hien ass et eng permanent Bindung tëschent Mann a Fra. Jehova wëllt, datt Mann a Fra sech trei sinn (Hebräer 13:4). Hien haasst Scheedung (Maleachi 2:16). Wann de Partner friemgeet, erlaabt Gott awer, sech scheeden ze loossen an sech ërem ze bestueden. – Liest Matthäus 19:3-6, 9.
2. Wéi solle Mann a Fra mateneen ëmgoen?
Jehova huet Mann a Fra esou erschaf, datt si sech géigesäiteg ergänzen (1. Mose 2:18). De Mann huet d’Verantwortung, fir d’Famill ze suergen a si iwwer Gott ze beléieren. Hie soll seng Fra esou gär hu wéi sech selwer. Mann a Fra solle frou matenee sinn, an een deen anere respektéieren. Si maachen awer och Feeler, an dofir sollen si léieren ze verzeien. Nëmmen esou kann e Bestietnes glécklech ginn. – Liest Epheser 4:31, 32; 5:22-25, 33; 1. Petrus 3:7.
3. Soll een en onglécklecht Bestietnes opginn?
Wann et Problemer am Bestietnes ginn, da sollen allebéid dru schaffen, léif mateneen ëmzegoen (1. Korinther 13:4, 5). Der Bibel no ass eng Trennung bei allgemenge Problemer am Bestietnes keng Léisung. – Liest 1. Korinther 7:10-13.
4. Kanner, wat wënscht sech Gott fir iech?
Jehova wëllt, datt dir wierklech glécklech sidd. Hie gëtt iech dee beschte Rot, wéi dir als jonk Leit vill Freed kënnt hunn. Hie wëllt, datt dir op är Eltere lauschtert an vun hinne léiert (Kolosser 3:20). Jehova wëllt och, datt dir erlieft, wéi vill Freed et mécht, eppes fir hien a säi Jong ze maachen. – Liest Prediger 11:9–12:1; Matthäus 19:13-15; 21:15, 16.
5. Elteren, wéi maacht dir är Kanner glécklech?
Als Eltere muss ee vill schaffen, fir de Kanner Iessen, Kleeder an en Doheem ze ginn (1. Timotheus 5:8). Awer dat geet net duer! Fir datt är Kanner glécklech ginn, ass et och wichteg, datt dir hinne bäibréngt, Gott gär ze hunn a vun him ze léieren (Epheser 6:4). Wann är Kanner gesinn, datt dir selwer Gott gär hutt, beréiert dat hiert Häerz. Bibelesch Wäerter hunn e positiven Afloss op är Kanner. – Liest 5. Mose 6:4-7; Sprüche 22:6.
Wann dir är Kanner lueft a hinne Mutt maacht, da bléien si richteg op. Si brauchen awer och kloer Reegelen an eng konsequent Erzéiung. Dat schützt si virun engem Verhalen, dat hiert Gléck a Gefor bréngt (Sprüche 22:15). Dat heescht awer net, datt een d’Kanner schlëmm oder schro behandelen däerf. – Liest Kolosser 3:21.
DʼZeie vu Jehova hu verschidde Bicher, déi speziell fir Elteren a Kanner geschriwwe sinn. Dës Bicher hunn d’Bibel als Grondlag. – Liest Psalm 19:7, 11.