Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 11

Firwat si bibelesch Prinzipie gutt fir eis?

Firwat si bibelesch Prinzipie gutt fir eis?

1. Firwat brauche mir een, deen eis duerch d’Liewe begleet?

Wéi hëllefen eis bibelesch Prinzipien opzepassen, datt engem näischt geschitt? (PSALM 36:9)

Eise Schöpfer weess vill méi wéi mir Mënschen. Hien ass e léiwe Papp, dee fir eis suergt. Hien huet eis och esou gemaach, datt mir hie brauchen (Jeremia 10:23). Genee wéi dʼElteren hiert Kand bei der Hand huelen, mécht Gott dat och mat eis (Jesaja 48:17, 18). Bibelesch Prinzipie leeden eis am Liewen a sinn e Kaddo vu Gott. – Liest 2. Timotheus 3:16.

Jehova seng Geboter a Prinzipie léieren eis haut schonn, op déi bescht Aart a Weis ze liewen a weisen eis, wéi mir an der Zukunft éiweg belount ginn. Well Gott eis erschaf huet, weess hien am Beschten, wat gutt fir eis ass. Dofir ass et net méi wéi richteg, him Merci ze soen, well hien eis duerch d’Liewe begleet. – Liest Psalm 19:7, 11; Offenbarung 4:11.

2. Wat si bibelesch Prinzipien?

Bibelesch Prinzipie si Grondwouerechten, déi sech net änneren an ëmmer gutt sinn. Gesetzer oder Geboter awer gëlle just a bestëmmte Situatiounen (5. Mose 22:8). Mir mussen iwwerleeën a verstoen, wéi ee Prinzipien an de verschiddenste Situatiounen ëmsetze kann (Sprüche 2:10-12). Zum Beispill: D’Bibel léiert, datt d’Liewen e Kaddo vu Gott ass. Dëse Prinzip hëlleft eis opzepassen, datt engem näischt geschitt, sief et op der Aarbecht, Doheem oder ënnerwee. – Liest Apostelgeschichte 17:28.

3. Wéi eng zwee Prinzipie sinn am wichtegsten?

Jesus huet vun zwee ganz wichtege Prinzipie geschwat. Den Éischte weist Sënn an Zweck vum Liewen: Gott kennen ze léieren, hie gär ze hunn an trei zu him ze stoen. Bei all eisen Entscheedunge solle mir un dëse Prinzip denken (Sprüche 3:6). Wann een dat vu ganzem Häerze mécht, gëtt een e Frënd vu Gott, et gëtt ee méi glécklech an et gëtt ee mat éiwegem Liewe belount. – Liest Matthäus 22:36-38.

Den zweete Prinzip hëlleft eis, friddlech mateneen ëmzegoen (1. Korinther 13:4-7). Wien dono lieft, gëtt sech drun, Mënschen esou ze behandelen, wéi Gott et mécht. – Liest Matthäus 7:12; 22:39, 40.

4. Firwat si bibelesch Prinzipie gutt fir eis?

Bibelesch Prinzipien hëllefe Familljen, aus Léift fest zesummenzehalen (Kolosser 3:12-14). D’Bibel schützt och d’Famill wéinst engem wichtege Prinzip: E Bestietnes soll fir ëmmer halen. – Liest 1. Mose 2:24.

No der Bibel ze liewen hëlleft, datt ee sech kierperlech an emotionell gutt fillt. Zum Beispill: E bibelesche Prinzip ass, éierlech a fläisseg ze sinn. Wann een dat mécht, huet een oft méi Chancen eng Aarbecht ze fannen (Sprüche 10:4, 26; Hebräer 13:18). D’Bibel léiert eis och, mat deem, wat fir d’Liewen néideg ass, zefridden ze sinn. D’Frëndschaft mat Gott ass dat Wichtegst. – Liest Matthäus 6:24, 25, 33; 1. Timotheus 6:8-10.

Bibelesch Prinzipien hëllefen, eis Gesondheet ze schützen (Sprüche 14:30; 22:24, 25). Zum Beispill: Der Bibel no soll een net ze vill Alkohol drénken. Dat schützt ee virun déidleche Krankheeten an Accidenter (Sprüche 23:20). Jehova huet näischt géint Alkohol, wann e mat Mooss gedronk gëtt (Psalm 104:15; 1. Korinther 6:10). Gott seng Prinzipie si gutt fir eis, well si hëllefen, souwuel op eis Gedanken wéi och op eist Verhalen, opzepassen (Psalm 119:97-100). Echt Chrëschten awer denken net nëmmen u sech, wann si dës Prinzipien anhalen. Si wëlle virun allem Jehova éieren. – Liest Matthäus 5:14-16.